Wëllkomm op der Homepage vun den Stengeforter Deckelsmouken
Moien,
Mir sinn d’Stengeforter Deckelsmouken!
Eis Cheffen encadréiere Kanner ab 5 Joer a verschiddene Branchen. Ab dem Alter vu 16 Joer kann een och selwer als Chef an enger Branche aktiv ginn an un deene verschiddene Formatioune vun der FNEL deelhuelen.
Wann Dir also Loscht hudd eng Kéier bei eis laanschtzekommen (5, rue du cimetière L-8413 STEINFORT), dann zéckt net a mellt Iech bei eis!

Eise Grupp
De Grupp vun de Stengeforter Deckelsmouken ass am Joer 2005 gegrënnt ginn.
Dëse Projet war d’Iddi vu puer Jonker aus der Gemeng Stengefort, déi sech zesummengedoen an alles un d’Rulle bruecht hunn. Si hu sech bei der FNEL gemellt an zesumme mat der Fédératioun e “Groupe libre” opgestallt. Am éischte Joer hunn déi jonk Leit d’Formatioune vun der FNEL gemaach a sech an d’Welt vun de Scouten eragelieft. Duerno kruten si e Responsabele vun der FNEL zougedeelt, deen hinne fir den Ufank sollt zur Verfügung stoen. Lues a lues krut de Grupp Memberen: e Comité ass enstanen an d’Cheffenekipp ass méi grouss gin. Ab September 2007 huet déi Cheffenekipp dann och den Encadrement vun de Kanner offréiert, waat e vollen Erfolleg war.
Haut huet eise Grupp iwwer 60 Memberen an mir hoffen dass et der nach méi ginn 🙂

Eise Comité
Marco Eich (Präsident)
Raymond Winandy (Vize-Präsident)
Jacques Degardin (Sekretär)
Yves Rauen (Trésorier)
Samantha Winandy (Chef de groupe)
Mike Scholtes (Chef de groupe adjoint)
Carrie Eich (Chef de Colonie)
Carlo Koepp (Membre)
Brigitte Damy (Membre)
Tina Barbarini (Membre)
Lynn Palgen (Membre)
Nadine Hentges (Membre)